Auxiliaire de vie (m/w/d) 40 Stonne/Woch CDD vum 1er mars 2027 bis 31 août 2027 inclus fir de remplacement vun engem congé parental am Foyer d’hébergement « Weeltzer Haus » zu Woltz Är Aufgaben D’Bewunner bei den alldeeglechen Aufgaben an Aktivitéiten, no hieren individuellen Besoine, begleeden, ënnerstëtzen an eng ugepassten edukativ Begleedung garantéieren ; D’Bewunner bei der Entwécklung an dem Erhale vun hirer Autonomie ënnerstëtzen ; Bei der Organisatioun an dem gudde Fonctionnement vum Alldag am Foyer matwierken ; Eng professionell a respektvoll Kommunikatioun mat de Bewunner, de Kolleege an de Partner garantéieren ; Bei der Dokumentatioun an dem Suivi vun de Begleedungen matwierken.
Äre Profil Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an Autorisation d'exercer sinn Fachlech Kompetenzen an/oder Erfarung am soziale Secteur ; Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch ; Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten (Sonndes, Nuets an op Feierdeeg); Gutt organisatoresch Fäegkeeten, Verantwortungsbewosstsinn an Diskretioun ; Fäegkeet fir autonom, strukturéiert a koordinéiert ze schaffen ; Führerschäin Klass B ; Teamgeescht, Engagement a Freed um Kontakt mat de Leit. Mir bidden Eng ofwiesslungsräich an interessant Aarbecht ; D’Méiglechkeet, Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze ginn ; CCT-SAS carrière C3 Dir sidd interesséiert ? Dir wëllt Deel vun eiser Ekipp ginn ? Da schéckt eis w.e.g. Äre CV an Äre Motivatiounsbréif iwwer Moovijob.com.
Weitere Stellen
Gesundheits- und Krankenpfleger, Krankenschwester, exam. Altenpfleger oder Pflegefachfrau (m/w/d) für eine betreute WG
GIP Gesellschaft für medizinische Intensivpflege mbH
Augsburg+ 5 weitere
42.000–54.000 € brutto/Jahr
In Krefeld sucht die DRK Schwesternschaft e.V. Pflegekräfte, Gesundheits- und Kinderkrankenpflegekräfte, Heilerziehungspflegekräfte
Bundesverband Kinderhospiz
KrefeldVollzeit, Teilzeit
38.000–50.000 € brutto/Jahr
Exam. Kinderpflegekraft · Kinderkrankenschwester · Kinderkrankenpfleger (m/w/d)
GIP Gesellschaft für medizinische Intensivpflege mbH
Münster